Aktuell bei Mensa
Mensa Lëtzebuerg bitt d’ganzt Joer iwwer ëmmer erëm ënnerschiddlech Aktivitéiten un: gemittlech Treffen, Ausflich, Besichtegungen, Spiller, Konferenzen, Atelieren oder Entdeckungen — de Programm entwéckelt sech mat den Initiativen, den Interessen an de Wënsch vun de Memberen.
E puer Aktivitéite sinn nëmme fir Mensa-Memberen, anerer sinn och fir Partner·innen, Famill oder Frënn op. Bei e puer Treffe kënnen och Leit dobäi sinn, déi en unerkannten IQ-Test gemaach hunn a Mensa kenneléiere wëllen, ier si sech entscheeden, ob si Member wëlle ginn.
D’Aktivitéite kënnen entweder vum Verwaltungsrot vu Mensa Lëtzebuerg organiséiert ginn oder direkt vu Memberen, déi en Interessi wëlle weiderginn, en Thema virstellen oder einfach e gemittleche Moment proposéieren. Mir maachen och op Aktivitéite vun anere Veräiner, Organisatiounen oder Leit opmierksam, wa mir se interessant oder nëtzlech fir eis Memberen fannen.
D’Ugebuet hält net un der lëtzebuergescher Grenz op: als Membere vun enger internationaler Gemeinschaft kënnen d’Membere vu Mensa Lëtzebuerg och un Treffen an Aktivitéite vun aneren nationale Mensas am Ausland deelhuelen. Dat ass eng Geleeënheet fir Memberen aus anere Länner kennenzeléieren, nei Plazen z’entdecken, den Austausch ze erweideren an Deel vun enger méi grousser Gemeinschaft ze sinn.
D’Participatioun un Aktivitéiten, déi vu Mensa Lëtzebuerg organiséiert ginn, ass fir d’Memberen dacks gratis. Wann eng finanziell Bedeelegung néideg ass, probéiere mir, wa méiglech, virdeelhaft Konditiounen oder Präisser unzebidden. E puer extern Aktivitéiten kënnen och zu Virzugskonditioune fir Memberen ugebuede ginn.
Egal ob fir aner Memberen ze treffen, eng gutt Zäit ze verbréngen, eppes Neies ze léieren, eng Passioun ze deelen, en Theema z’entdecken oder sech am Veräinsliewen z’engagéieren — jidderee ka sech déi Aktivitéiten eraussichen, déi zu him passen — a seng eege proposéieren.
1 Dec 2026, 00:00 → 24 Dec 2026, 23:59
Mensa International -🌍- 🎄🎶 Whamageddon: May the Last Survivor Win! 🎶🎄
18 Dec 2026, 18:00 – 23:59
Dîner de Noël 2026 & 80 ans Mensa
28 Dec 2026, 00:00 → 1 Jan 2027, 23:59
NO - 🇳🇴 - Silvensa - 2026 - Norvège - Bergen
23 Jan 2027, 14:00 – 18:00
Spillnomëtteg 2027
1 Feb 2027, 18:00 → 28 Feb 2027, 00:00
Pub Quiz
12 Mar 2027, 00:00 → 14 Mar 2027, 23:59
BENELUX & DE - 🇧🇪 - 🇳🇱 - 🇱🇺 - 🇩🇪 - Grensa - 2027 - Slenaken (🇳🇱)
19 Mar 2027, 20:00 → 21 Mar 2027, 20:00
LU - 🇱🇺 - Relais pour la Vie - 2027
20 Mar 2027, 00:00 → 21 Mar 2027, 00:00
LU - 🇱🇺 - 44ème Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté
25 Mar 2027, 18:00 – 23:00
Conférence LIST - Avril
25 Mar 2027, 18:00 – 23:59
AG 2027 - Mars
24 Apr 2027, 09:00 – 12:00
Test QI
14 May 2027, 09:00 → 17 May 2027, 16:00
FR - 🇫🇷 - Lud'été Grand Est - 2027 - La Bresse
31 Jul 2027, 18:00 – 23:59
BBQ - Rassemblement annuel Mensa Lëtzebuerg 2027
26 Aug 2027, 18:00 – 23:59
Schueberfouer 2027
17 Dec 2027, 18:00 – 23:59
Dîner de Noël 2027
